Finanzminister Gilles RothGutt Perspektive fir eis Finanzplaz an Asien

RTL Lëtzebuerg
De Finanzminister Roth ass mat enger Delegatioun an Asien ënnerwee - aktuell zu Singapur. Do ass eng grouss Fintech-Foire mat wäit iwwer 60.000 Leit.
© MinFin

Et geet ëm den Ausbau vu Kryptowärungen an och dat ganzt digitaalt Bezuelen. Lëtzebuerg huet do gutt Perspektiven, seet de Minister Gilles Roth:

“Digital Bezuelen - dat heescht wéi Amazon, Ebay, Paypal, Alipay. Alles dat si Firmen, déi hir Bezuel-Plattformen zu Lëtzebuerg hunn. Mir hunn der mëttlerweil 35 zu Lëtzebuerg, an déi 21 Gespréicher, déi mir déi leschten zwee Deeg hei hate, déi hu gewisen, dass mir weider esou Entreprisen op Lëtzebuerg wäerte kréien. Déi gréisste virun allem vun der südlecher Hemisphär. Et ass nach ze fréi, doriwwer ze kommunizéieren, mä dat wäerte mir an den nächste Méint maachen. Dofir eng ganz gutt Missioun, déi mir hei zu Singapur hunn. Fakt wier, dass ee Lëtzebuerg, mat sengem Triple-A, senger politescher Stabilitéit a sengem attraktive legale Kader, gutt beim asiatesche Finanzsecteur a Saachen Digitalisatioun presentéiert krut.”

De Finanzminister Roth an Asien ënnerwee

Déi Lëtzebuerger Delegatioun reest elo weider Richtung Japan, engem weideren zentrale Partner an Asien.
Op deem Kontinent gesäit d’Regierung grousst Potential trotz geopolitesche Krisen, wéi d’Relatiounen tëscht China an Taiwan.

Back to Top
CIM LOGO