Urbanistesch Entwécklung vun der NordstadHaaptachs tëscht Ierpeldeng an Dikrech kritt en neit Gesiicht

Marc Hoscheid
Dobäi spillt nieft Staat a Gemengen och d'Entwécklungsgesellschaft Nordstad, kuerz NEG, eng Roll.
© Grafik NEG-Etude Schwammstadt

Wa vun der Nordstad riets ass, geet et meeschtens ëm déi geplangte Fusioun vun de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren. Ma nieft deem politesche Volet gëtt awer och u konkreten urbanistesche Projete geschafft. Fir dobäi ze hëllefen, déi néideg Terrainen ze kafen, gouf viru fënnef Joer d’Entwécklungsgesellschaft Nordstad, kuerz NEG, gegrënnt. Dës gëtt elo a weidere Beräicher aktiv.

D’Nordstad wäert sech urbanistesch veränneren (Reportage Marc Hoscheid)

D’Nordstad soll sech weiderentwéckelen a wuessen. Fir dee Prozess ze begleeden, gouf viru fënnef Joer d’NEG an d’Liewe geruff. Si keeft selwer keng Terrainen, trëtt awer als “Faciliateur” tëscht deene verschiddenen Acteuren op. Am Verwaltungsrot setze siwe Vertrieder vu verschiddene Ministèren an d’Buergermeeschtere vun Dikrech, Ettelbréck an Ierpeldeng.

Waasser als Erausfuerderung

Virun allem op der zentraler Achs tëscht Ierpeldeng an Dikrech, sollen an deenen nächste Jore vill Awunner bäikommen. Ma déi aktuell Reseaue sinn awer net dofir ausgeluecht. Dofir solle bei der Entwécklung vun neie Projeten d’Besoine, beispillsweis beim Elektreschen, der Mobilitéit oder dem Ofwaasser antizipéiert ginn. Virun allem beim Waasser gesäit den Daniel Peters, Generaldirekter vun der NEG, Handlungsbedarf.

“An deem Gebitt hu mer natierlech d’Héichwaasserproblematik zum Deel. Mir hunn awer och d’Staarkreenproblematik. An ech mengen, do baue mer bei der NEG op déi Schwammstadt-Etüd op, déi mer gemaach haten. Déi dorëms geet, datt ech mech à priori net géint d’Waasser stellen, mee probéiere mam Waasser, an deem Fall dann de Staarkreen, ze liewen.”

© Grafik NEG-Etude Schwammstadt

Wéinst deem grousse Besoin un neiem Wunnraum kéint een et sech net erlaben, net an Héichwaassergebidder ze bauen. Et misst een awer anescht bauen, zum Beispill d’Gebaier op Stelzen ariichten. Wat d’Mobilitéit ugeet, och wann déi Gréng net méi Deel vun der Majoritéit sinn, hält d’CSV-DP-Regierung um nationale Mobilitéitsplang 2035 fest. D’Zuchlinn soll verréckelt ginn an an Zukunft duerch respektiv um Goldknapp verlafen. D’Zentralachs soll spéider iwwerdeems begréngt ginn a just nach fir den ëffentlechen Transport an déi douce Mobilitéit accessibel sinn.

© Grafik NEG-Etude Schwammstadt
© Grafik NEG-Etude Schwammstadt

Ma och zu Dikrech selwer wäert et zu Ännerunge kommen.

“Et ass wuel geplangt, datt déi Dikrecher Gare e wéineg geréckelt gëtt, notamment fir de Quai ze verlängeren, fir datt een do déi méi laang Zich och kann accueilléieren. An deem Kontext dann och op zwou Bunnen do ze goen, dat huet natierlech een Impakt op d’Voyageuren, et kritt een eng aner Kadenz, eng besser Ubannung Richtung Zentrum, Richtung Stad, wat fir de Voyageur ee super Outil ass.”

Etüd iwwert d’Situatioun vum Commerce an der Nordstad

D’Verlängerung vum Quai wäert a Richtung vum Lycée classique goen. Déi Dikrecher Gare bleift iwwerdeems do wou se ass. Ee Verleeë vun der Gare op d’Héicht vun der aler Seeërei, sou wéi d’Gemeng se gefrot hat, ass aus technesche Grënn net méiglech. Dem Daniel Peters no sollen dëse Summer beim Projet vun der Ëmgestaltung vun der Zentralachs tëscht Ierpeldeng an Dikrech éischt Neel mat Käpp gemaach ginn.

D’NEG ass awer och nach an anere Beräicher aktiv. Sou gouf eng Etüd gemaach, fir een État des lieux vum Commerce an der Nordstad opzestellen. Et géing drëm goen, eng gesond Mixitéit ze hunn an ze garantéieren, datt d’Leit an engem méiglechst kompakten Ëmkrees alles fannen, wat se brauchen. Aktuell wier et sou, datt a verschiddene Gemengen den Horeca-Secteur besser vertrueden ass, wärend an anere vläicht Kleedergeschäfter méi staark sinn. Et géing drëms goen, datt d’Offere komplementar zouenee sinn a keen drëtte Pôle tëscht Dikrech an Ettelbréck entsteet.

Back to Top
CIM LOGO