Sechs Deeg nom Retour vun der Delegatioun huet den Haff e Bilan publizéiert. Dëst an enger anerer Form, nämlech mat 10 Fotoen an op Basis vu véier Froen, déi den Ierfgroussherzog selwer beäntwert.
Doranner leet de Prënz Guillaume grousse Wäert op d’exzellent Relatiounen tëscht de Monarchien a Japan an dem Grand-Duché - eng Relatioun tëscht béide Länner, déi 2027 hire Centenaire feiert.
Schonn d’nächst Joer awer ass eist Land mat engem Pavillon a Japan vertrueden - dat fir d’Welt-Expo tëscht Abrëll an Oktober zu Osaka.
Ouni an d’Detailer ze goen, ernimmt den Ierfgroussherzog am Interview och déi sëllegen Accorden, déi wärend der Rees a Japan konnten ënnerschriwwe ginn. Dëst an de Beräicher Raumfaart, Fluchverkéier an Data Economy.