Positive Bilan zanter der RentréeHandy-Restriktiounen an der Europaschoul

Pierre Jans
A Saachen Handyverbuet ass d'Europaschoul um Kierchbierg Pionéier. Schonn zanter hirer Rentrée uganks September gëlle streng Restriktiounen.
Handy-Restriktiounen an der Europaschoul - Positive Bilan zanter der Rentrée.
A Saachen Handyverbuet ass d’Europaschoul um Kierchbierg Pionéier. Schonn zanter hirer Rentrée uganks September gëlle streng Restriktiounen.

Dat virop bei den ënneschte Lycéesklassen. Ma och déi méi Grouss mussen heiansdo stonnelaang ouni hire Smartphone eens ginn. De Feedback vun de Responsabelen no bal zwou Wochen ass éischter positiv.

D‘Schülerinnen a Schüler aus den éischten dräi Secondaires-Jore mussen hiren Apparat direkt bei hirer Entrée an d‘Gebai an hire Casier leeën. Do bleift e bis nom leschte Cours.

Bei deene méi ale Schüler ass d‘Léngt e bësse méi laang, erkläert d‘Caroll Lemarié aus der Schouldirektioun: “Si kënnen hiren Handy bei sech hunn. Si dierfen en awer néierens am Gebai gebrauchen. Just an de Pausen dobaussen oder am Pausesall däerfe si den Handy eraushuelen.”

De Grond fir dee Schratt: vill Schülerinnen a Schüler hounge permanent mam Gesiicht am Ecran, erkläert d‘Caroll Lemarié. Streidereie goufen no der Schoul digital weidergefouert, Schüler stoungen ënner Drock a verschiddener goufen - jo – ofhängeg, betount d‘Psychologin aus der Europaschoul Sabine Fass: “déi Jonk sinn net drop virbereet, fir déi Contenuen ouni Aschränkung ze konsuméieren. D‘Elteren an eben och d‘Schoule mussen dofir suergen, dass si e responsabelen Ëmgank domat léieren.“

Den Handyverbuet fir déi jonk an d‘Restriktioune fir déi méi al Schüler huet d‘Direktioun awer net eleng ausgeschafft an decidéiert. Et gouf Aarbechtsgruppen. Dem Direkter Martin Wedel wär et wichteg gewiescht, dass Elteren, Schüler a Léierpersonal un engem Strang zéien. Virun allem wann et dann ëm Sanktioune goe kéint.

An de Klassesäll huet den Handy guer näischt méi verluer, dat begréisst och de Professer Ove Larsson:
“D‘Schüler haten ëmmer d‘Versuchung d‘Handyen aus hiren Täschen a Poschen ze huelen a se awer ze benotzen. Elo ass dat kee Problem méi. Et ass e groussen Ënnerscheed.”

An déi Concernéiert selwer sinn effektiv och méi oder manner averstane mat der neier Reegel. De Lucas huet 15 Joer an iergert sech héchstens driwwer, dass e vill manner Musek ka lauschteren. D‘Elena vun 12 Joer sot um RTL-Mikro, hatt a seng Matschülerinne wären elo vill méi sozial ënnereneen. A méi laange Pausen, géif den Handy dann awer feelen.

Ma wie spillt net gär e bëssen um Handy? Mä déi jonk kréie sech och ouni beschäftegt, gëtt d‘Psychologin Sabine Fass ze bedenken: “Ech hunn deslescht e Grupp begéint, dee sech soss éischter fir Online-Spiller interesséiert huet. Déi Jugendlech waren du spadséieren an hu sech ënnerhalen. Anerer hu Gesellschaftsspiller ausgepak. Dat ass eng ganz aner Zort vu Kommunikatioun.“

D‘Moossnam soll evaluéiert ginn. Ma eppes ass sécher: esou onageschränkt ewéi virdrun, wäert den Handy net zeréck an d‘Europaschoul kommen.

Back to Top
CIM LOGO