Kuerz no 10.30 AuerHandyen am ganze Land hu gerabbelt - Test vum LU-Alert

RTL Lëtzebuerg
Nom regionalen Testlaf e Méindeg am Kanton Miersch gouf en Dënschdeg en nationalen Test vum "Cell Broadcast" duerchgefouert.

Kuerz no 10.30 Auer en Dënschdeg de Moien hu ganz vill Handye hei am Land quasi gläichzäiteg gerabbelt. Egal, ob d’Geräter op Stomm waren oder net, den haarden Alarm-Sound huet een héieren. Et war deen éischten nationalen Test vum “Cell Broadcast” hei am Land, nodeem de System e Méindeg scho bei all den Handyen am Kanton Miersch getest gouf.

En Dënschdeg de Moie gouf den LU-Alert am ganze Land getest
En Dënschdeg de Moie gouf den LU-Alert am ganze Land getest

Wat ass de Warnkanal “Cell Broadcast”?

En Donneschdeg gouf jo en neie System lancéiert, deen d’Leit am Noutfall warnen an informéiere soll. Dozou gehéiert mam Warnkanal “Cell Broadcast” eppes dozou, wat nach ni hei am Land benotzt gouf.

Den Inneministère deelt mat, datt Messagen, déi iwwert dee Wee verschéckt ginn, als prioritär Notifikatioun op den Handy kommen a sech och affichéieren, wann den Handy am Mode Silencieux ass oder den Ecran gespaart ass.

Donieft sinn déi Message begleet vun enger akustescher Warnung, dat Signal hält awer no e puer Sekonnen op.

Zwee Tester dës Woch

Dee System gëtt aktuell getest. Eng éischte Kéier war dat e Méindeg de Moie am Kanton Miersch de Fall. Esou krute bal all d’Leit, déi mat hirem Smartphone mat enger Antenne am Kanton verbonne waren, esou en Alarm geschéckt.

E weideren Test gouf en Dënschdeg de Moie duerchgefouert, dëst Kéier awer um ganzen Terrain vum Grand-Duché. Well et just en Test war, huet den Inneministère am Virfeld schonn drop opmierksam gemaach, datt d’Leit näischt mussen ënnerhuelen.

Et war och méiglech, datt een de Message net kritt huet, obwuel een am Land ass. Dat géif dann dru leien, datt den Handy net à jour wier an net mam System géif funktionéieren.

Weider Informatioune kritt een do op www.lu-alert.lu.

De Communiqué vum Inneministère

Mat LU-Alert gesäis du et kommen - Premier test national du « Cell Broadcast » (22.10.2024)
Communiqué par : ministère des Affaires intérieures


Dans le cadre de la semaine de tests du nouveau système d’alerte et d’information à la population « LU-Alert » qui a été lancé officiellement le 17 octobre 2024, le ministère des Affaires intérieures tient à informer la population que le canal d’alerte du « Cell Broadcast » (CB) sera testé mardi, le 22 octobre 2024 au courant de la matinée sur l’ensemble du territoire luxembourgeois. Ce test suit le test régional réalisé aujourd’hui 21 octobre dans le canton de Mersch.

Dans ce contexte, nous tenons à vous fournir les informations suivantes :
Le « Cell Broadcast » est un canal d’alerte très intrusif. Les messages transmis par « Cell Broadcast » prennent la forme de notifications prioritaires qui s’affichent sur l’écran de votre appareil mobile même si celui-ci est en mode silencieux ou verrouillé, et sont accompagnés d’une alerte sonore ainsi que d’une vibration. Après quelques secondes, le signal sonore s’arrête de lui-même. Ne vous effrayez donc pas lors de la réception du message d’alerte. Il suffit de le prendre comme un exercice pour être mieux préparé en cas de situation réelle.

Etant donné qu’il s’agit d’une alerte test, vous ne devez pas agir ou adopter un comportement particulier.
Il se peut que vous ne receviez pas le message d’alerte test alors que vous vous trouvez au Luxembourg. En effet, pour pouvoir recevoir des messages transmis par « Cell Broadcast », votre appareil mobile doit être à jour et fonctionner sous une version compatible avec la réception de tels messages par le système « LU-Alert ». Pour plus d’informations, veuillez vous renseigner sur le site www.lu-alert.lu dans la rubrique « Tout savoir sur LU-Alert – Canaux d’alerte ».

Back to Top
CIM LOGO