
Op ville Plazen am Land leie Beem an der Strooss. Ënnert anerem mellt den ACL an och d’Gemeng Fiels, dass en Hang tëscht Fiels a Chrëschtnech gerutscht ass. Den CR118 ass bis op Weideres zou.
Ënnert anerem an der Rue Scheerbach an der Fiels ass vill Bulli wéinst Äerdrutsch op der Strooss gelant, et heescht hei oppassen. Pont et Chaussées hunn d’Strooss selwer kuerz drop gespaart, dat warscheinlech bis e Freideg de Moien.