A genee déi dierften dann och matkritt hunn, dass de Radio vum Méindeg un eng hallef Stonn éischter op Antenn ass, fir Iech mat Informatiounen a Musek ze versuergen. Fir d’Rentrée um Radio anzelauden, hu mir eis eng kleng Aktioun afale gelooss. De Loic Juchem an de Laurent Gillander ware mat Këschte voll mat Croissanten ënnerwee.
De Christophe Hochard huet de Leit beim Radio um Méindeg de Moien iwwer d'Schëllere gekuckt, wéi si déi nei Grille mat den neien Aarbechtszäiten déi 1. Kéier fir d'Nolauschterer ëmgesat hunn.