Sozial Isolatioun vu BetraffenenHautkrankheet Vitiligo dacks nach ëmmer als "kosmetesche Problem" ugesinn

RTL Lëtzebuerg
Den Numm kenne wuel déi mannst. Dofir sinn d'Auswierkunge vun der Krankheet net z'iwwersinn.
© Envato Oneinchpunchphotos / Symbolbild

Vitiligo, déi sougenannte Wäissfleckekrankheet, ass eng Hautkrankheet, déi dacks net eescht geholl gëtt. Fir vill Betraffener ass d’Pigmentstéierung awer net nëmmen eng Verännerung vun hirer Hautfaarf, mee eng psychologesch an emotional Erausfuerderung. En Donneschdeg ass eng Sensibiliséierungsaktioun an der Stad geplangt.

Hautkrankheet Vitiligo / Reportage Emmanuelle Schmit

Vitiligo ass eng Autoimmunkrankheet, déi Melanozyten – also d’Zellen, déi d’Hautfaarf produzéieren – zerstéiert. Dëst féiert zu wäisse Flecken op der Haut, déi sech iwwert de Kierper verdeele kënnen. D’Krankheet betrëfft 0,1 bis 2% vun der Weltbevëlkerung a ka bei Kanner a bei Erwuessenen entsoen. Trotz neien Therapieroptioune gëtt d’Krankheet nach ëmmer als “kosmetesche Problem” ofgestempelt, wat d’Betraffener dacks an eng sozial Isolatioun dréckt.

E grousse Problem ass, dass d’Diagnos vu Vitiligo an der Moyenne zwee an en halleft Joer dauert. Vill Patiente kréie gesot, et géif keng richteg Behandlung ginn a 65% vun hinne ginn op hirer Sich no Hëllef op, sou Incyte.

D’Ana Coutinho Da Fraga, Mamm vun engem 11 Joer ale Meedche mat Vitiligo, erzielt vun der Diagnos:

“Hatt war 5 Joer al, a wou mer getrëppelt sinn, hunn ech gemierkt, dass seng Hoer gro sinn. Et hat gro Hoer, an ech - ‘dat kann awer net sinn, hatt huet 5 Joer’. Ech hu mir Gedanke gemaach, an hat war dono op den Training, an ech hunn hatt e bëssi gekuckt, an ech hat dunn de Reflex op den Internet ze goen, ech hu gelies a gelies an dunn - ‘Pigmentation de la peau’. Dunn hunn ech mech dozou entscheet, bei de Pediater unzeruffen, fir him ze soen, dass ech dat heite festgestallt hunn. Du si mer dohinner gaangen an en huet hatt gekuckt. An dunn effektiv, seet hien zu mir: ‘Ech mengen Dir hutt Recht’. En huet mir dunn en Hautdokter ginn an effektiv - hatt huet déi Krankheet. Well hatt oft gefall ass, huet hatt Plazen, wou hatt wierklech wäiss ass.”

Vitiligo kann awer och verierft ginn, wéi den Hautdokter Dr. Tiago Fernandes, erkläert:

“Jo, Vitiligo ass verierfbar. Wéi gesot, bei 20% vun de Fäll, ass bekannt, laut Studien, wou eng familiär Predispositioun antriet.”

Am Fall vum 11 Joer aler Meedche war d’Krankheet tatsächlech an der Famill present, an zwar um Papp senger Säit. Och wann et nach keng definitiv Heelung gëtt, ginn et antëscht Therapien, déi d’Repigmentatioun vun der Haut ënnerstëtzen. Eng nei Approche ass beispillsweis déi sougenannten JAK-STAT-Inhibitioun, déi d’Immunreaktioun, déi d’Melanozyten zerstéiert, reguléiere kann. An den nächste Jore kéinten nach méi effikass Behandlungen op de Maart kommen.

En Donneschdeg stinn op der Plëss, dem Kierchbierg an an der Cloche d’Or mënschegrouss Silhouetten, déi déi Betraffe representéiere sollen an de Public op d’Krankheet opmierksam solle maachen.

Dat international Model Winnie Harlow huet och Vitiligo, an huet sech dozou entscheet, sech net fir déi Krankheet ze schummen, mee se ganz oppen ze weisen.

Back to Top
CIM LOGO