Zukunft vum Stolsecteur zu LëtzebuergHéich Energiepräisser sinn e Risiko fir d'Industrie, sou de Lex Delles

Diana Hoffmann
Déi gréisste Menacë fir de Stolsecteur sinn déi aktuell Energiepräisser, esou de Wirtschaftsminister.
© RTL-Archiv

An der Chamber wollt den Deputéierte Laurent Mosar (CSV) vum Wirtschaftsminister Lex Delles (DP) an enger Question élargie iwwer de Stolsecteur Äntwerten. Ausgangspunkt ass d’Ausso vum Alain Le Grix, dem President vun ArcelorMittal Frankräich am Januar, dass d’Stolsitten an Europa riskéiere géingen, dëst Joer mussen zouzemaachen, wann näischt géing gemaach ginn, fir si ze protegéieren.

D’Stolindustrie am Land stéing viru groussen Erausfuerderungen, besonnesch a Marchéen, wou et ëm Valeurs ajoutées géing goen, sot de Wirtschaftsminister Lex Delles. Beispiller wieren Drot oder Komponente vu Stol, déi an de Bëtong gemaach ginn, fir sougenannte “Béton armé” ze maachen. D’Produktioun vun dëse Produite kéint hei am Land séier net méi konkurrenzfäeg sinn. Anescht gesäit et awer fir Palplanchen oder Tramsschinnen aus.

Dofir wier et wichteg, dass ëmmer nees géing vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg investéiert ginn, dass se muer nach kéint produzéieren. Dat wier an der Vergaangenheet passéiert, woufir een nach e kompetitiivt Ëmfeld hätt. Klassesch Héichiewe gëtt et zum Beispill net méi, mee awer Schrott, deen zu gréngem Stol verschafft gëtt.

Déi gréisst Menacë fir de Secteur wieren awer d’Energiepräisser. “Wa mer d’Energiepräisser an der EU net an de Grëff kréien, dann hu mer muer keng Industrie méi”, huet de Wirtschaftsminister ënnerstrach. Dës wieren e wichtege Volet an der Kompetitivitéit vun der Industrie. A weider: “Wann an de leschten 10, 20, 30 Joer Industriebetriber op Lëtzebuerg komm sinn, da war et net just wéinst deem schéine bloen Himmel”. Een Element wieren d’Energiepräisser gewiescht, wou mer awer ëmmer méi un Attraktivitéit, och am Verglach zu den Nopeschlänner, verléiere géingen. Wann hei net géing séier eppes passéieren, wäerte mer Industrien hei am Land hunn, déi zoumaachen. Dëst kéint dann Honnerte bis esouguer Dausenden Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg kaschten.

De Laurent Mosar wollt dann och nach wëssen, ob et scho Pläng ginn, dass d’Stolindustrie géing vu Lëtzebuerg fortgoen. Dem Wirtschaftsminister ass awer net bekannt, dass grouss Deeler vun der Stolindustrie solle vu Lëtzebuerg delokaliséiert ginn. Mee et wieren awer Branchen, wou et méi schlecht géing lafen, an hei géing sech déi Fro stellen. Mee eng Ursaach dofir wier och, dass eben do keng grouss Investissementer gemaach gi wieren.

Back to Top
CIM LOGO