Zënter dem 3. Oktober waarden eng ganz Partie Gemengevertrieder an donieft och eng 1.000 Persounen, Associatioune respektiv Biergerinitiativen op e Bescheed aus dem Ëmweltministère a Saachen 380.000 Volt Héichspannungsleitung. Wéi d’Gesetz et virgesäit, haten dës Acteuren nämlech tëschent Ugangs Juni an Ugangs Juli vun der Méiglechkeet gebrauch gemaach, fir hir Reklamatiounen oder Bemierkungen zu der neier, méi staarker Stroumversuergung vun eisem Land ze formuléieren. Déi grouss Participatioun vum Bierger huet d’Politik um Enn vläicht iwwerrascht, well den Ëmweltministère huet de gesetzlechen Delai ferm iwwerzunn.
An dat bis elo carrement ëm ganzer 3 Wochen – firwat dat sou ass, ob geträntelt gouf oder ob sech d’Servicer eventuell vun de pertinente Remarke vun de Stroumkonsumenten iwwerrullt gespiert hunn a mam Äntweren op d’Schreiwes net no kommen – kee weess et, well keen iergendwou an den Internet-Déifte bis elo eppes un Infoe fonnt huet. De Claude Berg vun der Amber Biergerinitiativ och net. Si hätten nogefrot, mee jidderee géing sech bedeckt halen. D’Biergerinitiativ hofft, dass d’Iwwerraschung keng béis gëtt.
3 Wochen driwwer… also iwwer 110 Deeg fir déi ronn 1.000 Observatioune vun de Leit duerchzeliesen – et hëlt ee sech Zäit um Kierchbierg – Zäit, déi ee vläicht besser hätt kënnen notzen, fir dem Bierger dee komplexe Mega-High-Voltage-Dossier bis op den Dibbelchen z’erklären, fënnt de Chef vun der Amber Biergerinitiativ. Eleng de Fait, dass de Ministère elo iwwer 90 Deeg bräicht, fir sech d’Meenunge vum Bierger duerch ze liesen, de Bierger awer just 30 Deeg kritt hätt, fir sech an deen héich komplexen Dossier anzeschaffen, wier eng komplett Disproportionalitéit an net korrekt.
De Ministère sprengt de Kader, deen am Gesetz virgesinn ass, fir seng sougenannt “Conclusion motivée” ze formuléieren, déi dann dem Bauhär, dat heescht der Creos, matgedeelt gëtt. Wéini dem Minister seng Präferenzen dann elo sollen erauskommen, goufen net just d’Biergerinitiativ, mee och mir net gewuer. Dofir krute mer awer dëst Schreiwes aus dem Ëmweltministère:
“Mir regrettéieren, dass den Delai vun 90 Deeg fir d’Publikatioun vun der Conclusion motivée net konnt agehale ginn. D’Ëmweltimpakt-Etüd iwwert 380kV Leitung huet en aussergewéinlechen Ëmfang an eng grouss Komplexitéit. Am Kader vun der Enquête publique goufen zudeem ronn 1.000 Observatiounen agereecht, déi de Ministère aktuell analyséiert. Fir dësen Observatioune kënne Rechnung ze droen, muss déi néideg Zäit an d’Conclusion motivée investéiert ginn. De Ministère schafft mat Héichdrock um Dossier.”
Schreiwes vum 23.10.2024
D’Vitess an d’Delaie sinn deene vun Amber manner en Uleies wéi eng Decisioun, op déi si grad esou Récksiicht hëlt wéi op d’Natur. Nota bene: et ass de Bauhär, also d’Creos, déi am Endeffekt dat allerlescht Wuert huet.