
Den Héichwaassermeldedéngscht vun der Waasserverwaltung huet e Méindeg den Owend d’Phase de vigilance declenchéiert.
Wéi et op inondations.lu heescht, kéint de Peegel en Dënschdeg de Moie virun allem bei méi klenge Gewässer séier klammen. Ma och bei méi grousse Gewässer wier net auszeschléissen, dass d’Cote de préalerte géif erreecht ginn.
Meteolux huet wéinst dem staarke Reen, eng Alerte Jaune fir en Dënschdeg erausginn.
Um Dënschdeg de Moie koum dann och nach eng Alerte Jaune wéinst dem Héichwaasserrisiko dobäi, dat de ganzen Dag iwwert. D’Meldung, datt dëst nach bis e Mëttwoch den Owend kéint passéieren, gouf am Laf vum Dënschdeg de Mëtteg revidéiert.
De Meteorolog Jörg Kachelmann sot um Dënschdeg de Moien am RTL-Interview, dass et zum Gléck net sou schlëmm géif ginn, wéi d’lescht Woch. Fir d’Saarland, bis Guttland a Minett dierfte bis den Owend 20 - 30mm falen. Dat geet duer, fir dass d’Baachen a Flëss nees e bësse klammen, ma et géif net duergoen, fir dass et zu engem “Drama” kéim, esou de Jörg Kachelmann. E bësse méi Risiko besteet den Owend an an der Nuecht op e Mëttwoch am Éislek. Hei riskéiert et ongemittlech ze ginn, dat duerch lokal deels staarke Reen a vereenzelt Donnerwieder. Doduerch kann et vereenzelt dozou kommen, dass Baachen iwwerlafen oder och alt emol e Keller iwwerschwemmt gëtt, respektiv eng kleng Baach iwwert eng Strooss leeft. Et sollt een deemno den Owend virun allem am Éislek oppassen.