
Op der Musel war een nach bis e Sonndeg de Moien an der Phas de Vigilance, mä déi ass antëscht och opgehuewen. D’Peegele sinn hei zanter e Samschdeg den Owend respektiv an der Nuecht iwwerall amgaang zeréckzegoen. Zu Stadbriedemes huet d’Musel e Sonndeg de Moie géint 5 Auer mat 5.32 Meter hire virleefegen Héichpunkt erreecht. Fir e Sonndeg an e Méindeg ass weider net vill Reen gemellt. Mëtt der Woch dogéint kéint, den aktuelle Previsiounen no nees méi erofkommen.
Och MeteoLux huet d’Vigilance Jaune fir de Süde vum Land opgehuewen.