Op eise StroossenHéije Materialschued no Kollisioun bei Selz - Soss verschidde Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
Da mellt d'Police awer och nach e puer grouss ugeluechten Alkoholkontrollen zu Gréiwemaacher an an der Stad.
© AFP

Um 16 Auer e Freideg gouf der Police en Auto gemellt, deen tëscht Useldeng an Iewerleng vun der Strooss ofkoum an an e Bam gerannt ass. D’Persoun gouf beim Accident blesséiert. De Permis gouf agezunn, well de Chauffer ze vill gedronk hat.

Eng ganz änlech Situatioun gouf et kuerz virun 22 Auer tëscht Gonnereng a Roudemer. Och hei war de Permis wéinst engem héijen Alkoholpeegel fort. De Chauffer gouf liicht blesséiert.

Méi spéit um Owend ass dunn e Chauffer um Belval opgefall, dee säi Won net ënner Kontroll hat. Dëse gouf gestoppt an de Permis gouf agezunn.

Vill ze séier war dann eng Persoun zu Miersch a Richtung Angelsbierg ënnerwee, déi hiren Auto och net gutt am Grëff hat. Och hei war de Permis fort, well den Alkoholtest positiv ausgefall war.

D’Polizisten aus der Stad haten dann eng änlech Situatioun. Hei war nieft dem Alkoholtest och den Drogentest positiv ausgefall. De Parquet huet eng Plainte géint de Chauffer maache gelooss an de Won gouf op der Plaz immobiliséiert.

Bei engem Iwwerhuelmanöver géint 1.30 Auer op der N17 bei Selz koum et zu enger Kollisioun mat zwee Autoen. Béid Ween goufe géint verschidde Schëlder an e Bushaische geschleidert. D’Haischen, nieft deem béid Autoe stoe bliwwe sinn, gouf komplett zerstéiert. Béid Chauffere goufen op der Plaz behandelt a si koumen an d’Spidol. D’Police schwätzt vu liichte Blessuren. Den Accident gouf opgeholl, ma kee vu béiden Automobiliste stoung ënner Alkohol- oder Drogenafloss.

Ongeféier ëm déi selwecht Zäit ass eng Patrull op Sëll geschéckt ginn, well hei e Won am Gruef louch. D’Automobilistin huet uginn, datt si beim Manövréieren an de Summerwee gerode wier a vun do aus an de Gruef gerutscht ass. Trotzdeem hunn d’Beamten an Alkoholtest gemaach an de Führerschäin agezunn.

Da gouf et nach e puer grouss Alkoholkontrollen am Land. Op der N10 zu Gréiwemaacher goufen tëscht 21 an 23 Auer 167 Automobiliste kontrolléiert, bei dräi vun hinne war den Alkoholpeegel ze héich. E Permis gouf awer net ofgeholl. Da waren nach dräi anerer um Terrain vun der Stad, dat am Zentrum selwer, zu Hesper an an der Areler Strooss. Hei goufen 179 Automobiliste kontrolléiert an an aacht Fäll war ze vill Alkohol am Spill, fënnef Procés-verballe goufen ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO