
Detailer si bis elo nach keng bekannt. Mä déi aktuell Dynamik dierft op kee Fall gebrach ginn, sou Eurosolar an engem Communiqué. D’ASBL, déi sech eegenen Aussoen no fir e “vollstännegt Ersetze vu fossillen an atomaren Energien duerch erneierbar Energien” asetzt, fuerdert, d’Investitiounshëllefe fir Photovoltaikanlage missten op deem selwechten Niveau weidergefouert ginn, sou laang net all aktuell potentiell Diecher am Land mat Panneauen equipéiert sinn.
Och d’Subside fir d’Wäermepompelen, déi den Ament bei 50% leien, sollte weiderlafen. Donieft freet d’ASBL eng staatlech Hëllef fir bestoend Photovoltaikanlage mat Batterien nozerëschten.
Zanter datt d’Primme fir erneierbar Energien am Kader vun der Tripartite zejoert an d’Luucht gaange sinn, wier d’Zuel vun den Demandë staark eropgaangen. Plus 31,5% tëscht dem zweeten an dem véierten Trimester. A plus 71,8% Enn des Joers.
Link: Dat ganzt Schreiwes vun Eurosolar Lëtzebuerg fannt Dir hei.