Erausfuerderung fir MataarbechterHelp wärend Corona-Kris aktiv, wann och mat reduzéiertem Personal

Christophe Hochard
De Service Help vum Roude Kräiz ass och wärend der Corona-Kris aktiv. Eng Ekipp vum RTL war op Visitt am Foyer de Jour "Muselheem".
Zu Besuch am Dagesfoyer "Muselheem"
De Service Help vum Roude Kräiz ass och wärend der Corona-Kris aktiv, wann och mat reduzéierte Passagë bei hire Clienten.

Fir d'Mataarbechter aus dësem Secteur eng Erausfuerderung, déi si awer och gären ugeholl hunn.

E Mëttwoch de Moie kuerz no 10 Auer zu Waasserbëlleg sinn déi éischt Clienten am Foyer de Jour "Muselheem" ukomm. Bis zu 25 eeler Leit kënnen daagsiwwer hei e puer flott Stonne verbréngen. Wéinst der aktueller sanitärer Kris däerfen awer nëmmen tëscht 14 a 16 Persounen an den Dagesfoyer kommen.

Normalerweis kënne 7 bis 9 Leit pro Camionnette transportéiert ginn. No all Passage gëtt d'Camionnette gelëft an desinfizéiert. Op all Sëtz ass e speziellen Iwwerzuch, deen duerno gewäsch ka ginn. Ausserdeem huet all Client seng fix Sëtzplaz.

D'Antenne "Museldall" vum Roude Kräiz huet am ganze 64 Mataarbechter. Mëtt Mäerz gouf d'Personal reduzéiert.

Gruppenaktivitéite goufe grosso modo agestallt an d'Clienten aus dem Foyer op e puer Säll opgedeelt. D'Hygiènesmesurë goufen der Situatioun ugepasst.

Déi 40.000 Leit aus dem Fleegesecteur sollen der Gesondheetsministesch Paulette Lenert no eng weider Kéier op de Covid-19 getest ginn.

Back to Top
CIM LOGO