"Drëpsi"-Label fir 19 GemengenHelperknapp éischt Gemeng mat eegene Waasserressourcen

Christophe Hochard
19 Gemengen hunn e Mëttwoch de Label "Drëpsi"-Award vum Minister Serge Wilmes iwwerreecht kritt.
"Drëpsi"-Label fir 19 Gemengen
19 Gemengen hunn e Mëttwoch um Ëmweltministère de Label “Drëpsi"-Award vum Minister Serge Wilmes iwwerreecht kritt.

Dësen Zertifikat ass wärend 6 Joer gülteg.

De Platin-Label, déi héchsten Auszeechnung, goung ënnert anerem un d’Gemeng Helperknapp. Si ass déi éischt Gemeng mat eegene Ressourcen. D’Fusiounsgemeng kann op 4 verschidde Quelle fir Drénkwaasser zréckgräifen. 5.200 Awunner zielt d’Gemeng. Den Drénkwaasserverbrauch läit pro Dag an der Moyenne bei 1.100 Kubikmeter. D’Gemeng huet an de leschte 4 Joer eng 8 Milliounen Euro an den Drénkwaasserreseau investéiert.

PDF: Schreiwes vum Ëmweltministère

Back to Top
CIM LOGO