
Et géing ee sech net zu Hesper schummen, mee just seng Aarbecht maachen – sou fänkt e Communiqué vun der Oppositioun LSAP, déi Gréng a Piraten aus dem Hesper Gemengerot un. Reagéiert gëtt mat dësem op déi lescht Gemengerotssëtzung, bei där den CSV-Buergermeeschter Marc Lies nach eng Kéier op de Sujet vun der Annulatioun vun enger Nominatioun fir e Posten an der Gemeng duerch den Inneminister agaange war.
Der Oppositioun huet den Hesper CSV-Buergermeeschter Marc Lies am leschte Gemengerot reprochéiert, se hätt just wëlle Schued uriichten an dem Buergermeeschter eng auswëschen.
“Et ass d’Recht an och d’Aufgab vun enger Oppositioun fir verschidden Decisiounen an enger Majoritéit a Fro ze stellen. Et ass och d’Recht vun enger Oppositioun e Courrier un de Ministère de Tutelle vun enger Gemeng ze riichten. Wat allerdéngs eng Ongeheierlechkeet ass, an ech widderhuelen Ongeheierlechkeet, ass, dass de Courrier mat Numm aus enger geheimer Sëtzung an d’Ëffentlechkeet gaangen ass.”
Hie freet, ob ee sech ni d’Fro gestallt hätt, wat d’Publikatioun kéint eng Inzidenz op d’Privatliewe vun der Persoun hunn. A weider…
“Ech widderhuelen et nach eemol, fir dass et an är Käpp erageet. All Persoun huet d’Recht op de Respekt vun hirem Privatliewen. Schummt iech...”
Reagéiere konnt d’Oppositioun awer net, well de Buergermeeschter d’Gemengerotssëtzung dono opgehuewen huet. Dobäi wiere falsch Accusatiounen an Aussoe gemaach ginn, seet d’Oppositioun.
De Stephen De Ron vun déi Gréng betount, wann de Buergermeeschter jiddereen an d’Pan klaakt a kee reagéiere léisst, wier dat net an der Réi.
“A wat och net an der Rei ass, ass, dass de Buergermeeschter Riichter spillt. Fir ze soen: Dir hutt d’Verfassung violéiert, Dir hutt d’Dateschutzregulatioun violéiert. Ech mengen, dat ass un den Autoritéiten ze decidéieren, wie, wat eventuell falsch gemaach huet. An net un engem Buergermeeschter viru lafender Kamera.”
D’Dateschutzkommissioun CNPD wier mam Dossier saiséiert an et wier elo un dëser, eng Decisioun ze huelen. E Buergermeeschter vun enger Gemeng vu 17.000 Awunner misst e coole Kapp behalen. Deem wier net de Fall. Dat fënnt och de Mathis Godefroid vun de Piraten.
“Ech hätt einfach mol gären eng Meenung vun der CSV-Sektioun Hesper, mee och national vum Parteipresident a Premier, wéi deen dann zu esou Aussoe steet. A mir hätten och gären eng Reaktioun vun der DP-Sektioun Hesper.”
D’Majoritéit hätt jo de Feeler bei der Ausschreiwung respektiv der Nominatioun fir de Poste gemaach. Elo hätt de Buergermeeschter nach eng Kéier e Feeler gemaach, andeems hien d’Meenungsfräiheet ënnerdréckt an d’Gemengerotsmember net géing op Beschëllegungen äntwere loossen.