Och wann déi meescht Entreprisë sech un d'Reegelen halen, munch Caféë goufe scho protokolléiert, well d'Clienten net souzen oder well si no Hallefnuecht nach op haten.
Mat dësem Communiqué wëll d'Horesca d'Caféën an d'Restauranten un Haaptreegelen erënneren:
- Maximal 10 Persounen un engem Dësch, ausser si sinn aus dem selwechte Stot.
- 1,5 Meter Distanz oder eng physesch Trennung tëscht all Dëscher.
- Clientë ginn nëmmen zerwéiert, wa si sëtzen.
- D'Mask ass obligatoresch fir de Client, wann hien net sëtzt.
- D'Schutzmask ass obligatoresch fir d'Personal, dat an direktem Kontakt mam Client ass.
- Spéitstens um Hallefnuecht ass Feierowend.
D'Horesca invitéiert, och all Caféen a Restauranten d'Charte "Safe to Serve" z'ënnerschreiwen.
PDF: Offizielle Communiqué vun der Horesca