An deem Kader hu sech Médecins sans frontières, d’Caritas, d’Croix-Rouge, Handicap international a Care Luxembourg zesummegedoe. Si wëllen op e grousse Problem bei hirer Aarbecht opmierksam maachen.
De Guy Berchem setzt sech zanter Jore fir d’humanitär Hëllef an. Eleng 2020 waren 203 Mataarbechter vun ONGen am Ausland Affer vun Uschléi, eng Zuel, déi am Verglach zum leschte Joer däitlech méi héich ass.
D'Méiglechkeet, fir "Aide humanitaire" ze maachen, gëtt ëmmer schwéier, betount de Guy Berchem. Dat wier esou, well den "Droit humanitaire" net respektéiert géif. dofir hätt ee sech elo mat deenen aner 4 ONGen zesummegedoen, dass sech do eppes soll änneren.
Ma wann dat Recht net respektéiert gëtt, kann dat ganz vill Mënscheliewen kaschten. Et hätt een ëmmer méi Schwieregkeeten, op déi Plazen ze kommen, wou een hi muss fir ze hëllefen. Dat hätt ee ganz gutt am Mëttelmier gesinn, wou d'Leit einfach erdronk sinn, well MSF et net méi erlaabt kritt hätt, ze hëllefe vun engem gewëssene Punkt un. Och an deene Länner, wou Krich ass, géif et ëmmer méi schwéier ginn.
Ma och wann d’Aarbechtskonditioune fir d’Benevollen ëmmer méi schwiereg ginn, ass de Guy Berchem awer frou, dass weiderhin souvill Leit sech bei hinne melle fir ze hëllefen.