
Den neiste Rapport vun der Covid-19-Task-Force ass e wéineg méi optimistesch, wéi nach de Rapport vun der leschter Woch. D’Hospitalisatioune géingen awer staark dovunner ofhänken a wéi engen Altersgruppen de Virus am stäerksten zirkuléiert a wéi vill Leit geimpft sinn. Dofir wier et besonnesch wichteg, datt vulnerabel Persoune geimpft sinn a bei hire sozialen Interaktioune virsiichteg bleiwen.
Dës Woch hätt een eng Hausse vun Infektiounsfäll vun 20 Prozent gesinn, déi Woch virdru waren et nach plus 23 Prozent. D’lescht Woch goufen et am Schnëtt 2.307 Fäll den Dag. Wann d’Vitess, mat där de Virus sech verbreet, esou weider geet, kéint ee bis Mëtt Februar e Pic vun am Duerchschnëtt 2.500 Fäll den Dag erreechen.
Déi aktuell Entwécklung vun der Pandemie zu Lëtzebuerg géing drop hindeiten, datt d’Omikron-Variant zu manner Hospitalisatioune leet, sou wéi een dat och an Dänemark géing gesinn. Aus den USA wéist een awer, datt trotzdeem nach e Risiko besteet, datt d’Besoine fir d’Spideeler nees klammen. Doduerch, datt d’Infektiounsfäll duerch d’Omikron-Variant weider klammen, kéint et och dozou kommen, datt a verschiddene Secteuren eng signifikant Zuel vu Leit ausfält.
D’Task Force kënnt zur Conclusioun, datt weider mussen Efforte gemaach ginn, fir d’sozial Kontakter ze reduzéieren, d’Hygiènesmesuren anzehalen an d’Impfunge virun ze dreiwen.
Hei déi komplett Publikatioun vun der Task Force.
