
Wéi et vum Inneminister Gloden heescht, géif “mëttelfristeg” en neie Site gesicht, wou den Air-Rescue-Helikopter ka starten a landen. Wou dat kéint sinn, preziséiert de Léon Gloden net.
Den Helikopter, dee vum Ettelbrécker Spidol aus flitt, ass an de leschte 6 Joer eng 3.100 Interventioune geflunn.
Via parlamentaresch Fro wollten d’DP-Deputéiert Bauler a Graas och Detailer iwwer de staatleche Finanzement vun der Air Rescue gewuer ginn, déi dem CGDIS all Mount d’Fluchminutte facturéiert, déi fir Asätz vum Samu geflu ginn an déi d’CNS rembourséiert.
D’Air Rescue steet iwwerdeem virun enger Analys vun hire Finanzen duerch d’IGF, well eng supplementär Finanzsprëtz vun enger Millioun Euro en vue gestallt gouf. Dës Sue kéime bei déi dräi Milliounen derbäi, déi de Staat der LAR ewell ginn hat, fir déi 2 Rettungshelikopteren z’ersetzen.
Käschten, déi d’LAR net iwwer Konventioune mat CGDIS an Inneministère gedeckt kritt, ginn ënner anerem iwwer Cotisatioune gedeckt.