Den IMF warnt, datt Steierreformen net dierften dozou féieren, datt Recettë fir de Staatsbudget verluer ginn. D’Ekonomiste recommandéieren, de Steierbarême reegelméisseg un d’Inflatioun unzepassen. Wann dat réckwierkend gemaach géif - esou wéi et elo geschitt ass - misst dëst neutral fir de Budget sinn. Et missten also am nämmlechte Mooss Depensë gekierzt ginn.
Den IMF hieft och ervir, datt duerch déi annoncéiert Baisse vun der Kierperschaftssteier fir d’Betriber, Recettë kéinte verluer goen, ouni datt se onbedéngt nei Betriber géing ulackelen.
Den IMF ass och kritesch, wat d’Mesurë fir de Logements- an de Bausecteur uginn. Dës kéinten zwar hëllefen, nees Confiance an de Secteur ze bréngen, mee well se d’Demande fir Logementer stimuléieren, géife se warscheinlech dozou féieren, datt d’Logementer fir d’Stéit nach manner abordabel ginn a se sech nach méi musse verschëlden. D’Mesurë kéinten dozou féieren, datt d’Prises de risque an d’Liichtfankegkeet klammen. D’Ekonomiste recommandéieren, datt de Staat Investitiounen a sozial an abordabel Wunnenge virzitt.
“Dës Moossname fir d’Nofro z’ënnerstëtzen, solle vill méi cibléiert sinn. Mir erkennen, datt d’Regierung vläicht verschidde Gruppe vun der Bevëlkerung muss ënnerstëtzen. An dat si virop déi mat niddregem Akommes. Dat mat bezuelbarem Wunnraum. Allerdéngs gesi mir, datt e puer vun de Moossnamen, déi virgeschloe goufen, net genuch cibléiert sinn”, sou de Chef de Mission vum IMF hei zu Lëtzebuerg, Emil Stavrev.
Den IMF begréisst, datt eng breet Debatt iwwert d’Pensioune soll gefouert ginn. Dëst kéint dozou bäidroen, enger Reform Legitimitéit ze ginn. Et wier besser, elo Reformen ze maachen, wéi herno méi schro Mesurë mussen ze huelen.
''Mir kënne verstoen, datt Pensiounsreforme keng einfach Reforme sinn. Ma mir mengen och, datt et wichteg ass, éischter fréi ze handelen, wéi méi spéit. Oder d’Reformen ze verréckelen. International Erfarunge weisen, datt wa Länner bis mussen handelen, da ginn d’Reformen normalerweis méi deier, wéi wann d’Länner proaktiv sinn an éischter handelen.”