Aktivitéit weider schwaachImmobiliëpräisser op ee Joer gekuckt ëm 10,9% gefall

RTL Lëtzebuerg
D'Aktivitéit um Marché vun den Immobilien an Terraine war am Ufank 2024 nach ëmmer däitlech méi schwaach ewéi virun der Kris, déi Enn 2022 ugefaangen huet.
© aetb

Dat schreift den Observatoire de l’Habitat an engem neie Rapport, deen e Mëttwoch publizéiert gouf. An de Grafiken erkennt een, datt d’lescht Joer méiglecherweis den Déifpunkt vun der Aktivitéit kéint gewiescht sinn, well zanter Ufank vum Joer gesäit een eng liicht Reprise. Déi Reprise vun de Venten am 1. Trimester confirméiert sech och an der Zuel vu Ventë vun Terrainen a vun den Appartementer, déi scho gebaut sinn. Um Niveau vun den Appartementer, déi nach am Bau sinn, do ass den Abroch vun der Aktivitéit awer weiderhin am stäerksten, esou den Observatoire.

Bal ironescherweis sinn d’Immobiliëpräisser dann awer bei den Appartementer, déi am Bau sinn, am mannsten zeréckgaangen. U sech awer logesch, well d’Erklärung ass wuel, datt bei deene Biene manner Venten ënnert dem Präis hu misse gemaach ginn ewéi bei Wunnengen an Haiser, déi scho stinn.

Ënnert dem Stréch sinn d’Immobiliëpräisser beim Kaf a Verkaf iwwert ee Joer gekuckt ëm 10,9% gefall. A Punkto Loyeren, déi sinn iwwert déi lescht Jore quasi konstant an d’Luucht gaangen. Se waren nom 1. Trimester vun dësem Joer esou héich ewéi nach ni.

PDF: Rapport vum Logementsministère

Back to Top
CIM LOGO