Et gouf Informatiounen doriwwer, wat d’Rechter vun de Concernéierte sinn. D’Optioune gi vun enger Relance vun der Caritas, iwwer d’Reprise vun den Aktivitéiten duerch en aneren Operateur bis bei d’Faillite.
D’Caritas-Struktur steet bis op Weideres mat eidelen Hänn do an d’Personal ass an der Ongewëssheet.
Nodeem erauskoum, dass iwwer 60 Milliounen Euro bei der Caritas geklaut goufen, ass gesot ginn, dass d’Reserven nach fir zwee Méint duerginn. D’Regierung huet - trotz op-Äis-leeë vun de Subventiounen - gesot, dass de Staat déi Servicer bezilt, déi d’Caritas-Leit effektiv leeschten, zum Beispill am sozio-edukative Beräich, beim Begleede vu Sans-Abrisen oder nach Flüchtlingen.
Den eenzeg klengen Trouscht ass, dass an deene Beräicher Leit gebraucht ginn, sou de Smail Suljic vum OGBL:
“Dat ass e bëssen och eise Point de pression. An zwar hu mir e Manktem u Personal um Terrain elo schonn. A wann elo eng Associatioun wéi d’Caritas ewechfält mat 500 Leit, dann hu mir nach méi e grousse Manktem um Terrain. An dofir sinn ech an enger negativer Zäit positiv agestallt, dass déi Leit hei net wäerten hir Aarbecht verléieren.”
D’Gewerkschaft huet eng Urgence-Reunioun mam Premier Luc Frieden gefrot, grad wéi mat de Verwaltungsréit vun de Caritas-Strukturen.