
12 Informatiounstafele stinn elo ronderëm de Stauséi an erziele vun deene verschiddenen Aspekter vun der Entsteeung an den Auswierkunge vum Uewersauer-Stauséi.
Déi meescht Informatiounstafelen zu der Geschicht vun der Uewersauer fënnt een um «Circuit du Lac», engem 44 Kilometer laange Wanderwee ronderëm de Stauséi. D’Informatioune sinn esouwuel op Däitsch, ewéi op Franséisch an Englesch ze liesen. D’Panneauen thematiséieren ënnert anerem de Bau vun der Staumauer, den Tourismus, d’Verännerungen an der Landschaft, d’Stroumproduktioun oder och d’Natur ronderëm de Séi. De Jeff Gangler, President vum Naturpark:
“Dat, wat mer am Fong hei mat de Panneauen elo gemaach hunn, ass am Fong d’Geschicht vun der Uewersauer opzeschaffen an do fënnt een ebe vill Elementer erëm, dat kulturellt Liewen, dat hei stattfonnt huet, d’Kultur, déi awer och zum Deel, d’Kulturierwe verschwonnen ass, an anert Naturliewe wat entstanen ass, wou eng Flora a Fauna sech entwéckelt huet, well ebe lo hei den Niveau erop- an erofgeet vum Séi, well dann och eng Mehrzwecktalsperre ass, sou Elektreschproduktioun ass.”

D’Panneaue sollen de Leit d’Bedeitung vum Stauséi méi no bréngen, e Séi deen hautdesdaags ëm déi 80% vun de Lëtzebuerger Haushälter mat Drénkwaasser versuergt. Wiem de Wanderwee vu 44 Kilometer zu Fouss awer ze laang ass, dee ka Weekends oder u Feierdeeg mat Hëllef vun der Stauséi-Navette eng Etappewanderung maachen, fir d’Geschicht vun der Uewersauer ze entdecken. Vu September u ginn am Numm vun engem weidere Projet, dem “Zäitzeieportal”, och Opname vu Leit, déi de Bau vun der Staumauer materlieft hunn, an enger Zort digitalem Rallye zur Verfügung gestallt, esou d’Christine Lutgen, Directrice vum Naturpark Uewersauer.
“Mir wäerten een Actionboard maachen, dat ass am Fong geholl ewéi een digitale Rallye, wou mer den Inhalt vun de Panneaue wäerten drasetzen a wou dann zousätzlech och nach digital Opnamen, also Videoopname vu Leit, déi deemools dat materlieft hunn, wéi de Stau gebaut gouf, datt mer dat eraspillen, sou dass dat ee flotten, interaktive Wee ass, fir d’Uewersauer kennenzeléieren.”
Wien also elo am spéide Summer an am Hierscht Loscht huet wanderen ze goen an dobäi eppes Neies iwwer d’Uewersauer an d’Staumauer ze léieren, dee ka sech elo op de Wee an d’Éislek maachen a sech vun deenen neie Panneaue guidéiere loossen.