Iwwerschwemmung ouni AlerteInfrastruktur vun der A13 konnt Waassermass an ugespullte Buedem net ophuelen

RTL Lëtzebuerg
Obwuel Meteolux keng Alerte erausginn hat, war d'A13 den 19. Mee iwwerschwemmt ginn. De Piraten-Deputéierte Marc Goergen wollt wëssen, wéi et dozou koum.
© RTL Archiv

D’Infrastruktur konnt déi extrem Waassermass an den ugespullte Buedem einfach net ophuelen, dat äntwert d’Ministesch fir Transport an ëffentlech Bauten Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.

Den Deputéierte Marc Goergen wollt wëssen, wéi et sonndes, den 19. Mee, zu de lokalen Iwwerschwemmungen op der Collectrice komm war, wéinst deenen d’Autobunn tëscht dem Tunnel Markusbierg a Munneref fir eng Zäit hat misse gespaart ginn. Anescht wéi fir den Dag virdrun hat Meteolux fir deen Dag keng Alerte méi rausginn.

D’Ministesch erkläert, datt d’Iwwerschwemmungen op lokale Staarkreen vu bis zu 30 Liter op de Meterkaree d’Stonn zeréckzeféiere wier. Duerch dee ville Ree wier de Buedem op engem frësch geplanzte Feld op d’Autobunn gespullt ginn. Schold wier weder en Defekt un der Infrastruktur nach e Konstruktiounsfeeler.

D’Entwässerungsanlage wieren och ëmmer nëmmen op bestëmmte Waassermassen ausgeluecht a kéinten extrem Wiederkonditiounen net packen. U sech iwwerflësseg ze soen. Bei sou Wiederextremer kéint et ëmmer lokal zu zäitlech limitéierten Usammlunge vu Waasser kommen. Dowéinst sollten d’Leit och hire Fuerstil dem Wieder upassen.

RTL-News: A13 nees op: Strooss tëscht Tunnel Markusbierg a Sortie Munneref war iwwerschwemmt

Back to Top
CIM LOGO