
Obwuel d’Temperature méi héich waren, wéi déi lescht Wochen, wier de Marathon ouni gréisser Tëschefäll ofgelaf, heescht et vum CGDIS. Dobäi waren 15.767 Leefer an eng Hellewull u Spectateuren an d’Stad komm, fir de Marathon live z’erliewen. 114 Persounen, Leefer a Spectateuren zesummegerechent, hu vun de Rettungsekippe misste behandelt ginn, 18 vun hinne goufen an e Spidol ageliwwert.
En techneschen Asaz op der Streck gouf et fir d’Pompjeeën net. Eenzeg erwäänt de CGDIS en Auto, dee géint 18.05 Auer am Quartier Neiduerf gebrannt huet, deen awer wéinst dem Dispositiv, deen um Kierchbierg stationéiert war, séier geläscht konnt ginn. D’Rettungsekippe waren e Samschdeg an der Stad, fir kënnen op all Situatiounen op an nieft der Streck vum Marathon ze reagéieren.
Am ganze waren eng 200 fräiwëlleg an professionell Pompjeeë fir de Marathon an der Stad. Dobäi kommen 10 Ambulanzen, 13 mobil Ekippen, 4 Ekippen um Moto a 4 Ekippen um Vëlo. Weider waren zwee Zenteren, wou Leit gehollef konnte kréien, ageriicht ginn.