FGFC-President kritiséiert GemengenInneminister a Syvicol-President wëllen net op Reprochë reagéieren

RTL Lëtzebuerg
De Claude Reuter huet um Mëttwoch net mat Kritik um Staat an un der Gestioun vun de Gemenge gespuert.

De President vun der Fédération générale de la fonction communale (FGFC), de Claude Reuter huet um Mëttwoch de Moien an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun” net mat Kritik um Staat an un der Gestioun vun de Gemenge gespuert. Weder den Inneminister Léon Gloden nach de President vum Syvicol Emile Eicher wollten awer op d’Reprochen op der Antenn reagéieren.

Aus dem Inneministère huet et geheescht, et wéilt een den Interview vun e Mëttwoch de Moien net kommentéieren, an dass den Inneminister Léon Gloden a reegelméissegem Echange mam Claude Reuter wier.

De President vun der Gewerkschaft hat op der Antenn kritiséiert, d’Gemenge géingen hiert qualifizéiert Personal net richteg asëtzen a Projeten, besonnesch am technesche Beräich, dacks léiwer outsourcen am Plaz sech selwer drëm ze këmmeren. Projete wieren dann dacks net duerchduecht, an et géinge “Prunkbauten” opgeriicht ginn. Hei gesäit hien eng besser Kontroll als sënnvoll. Senger Meenung no wier et och vu Virdeel, wa Gemenge géinge mussen fusionéieren. Da bräicht net all Gemeng déi selwecht Infrastrukturen.

Am Beräich vum kommunalen Transport oder bei der Gestioun vun de Maison-relaise géing de Staat ze vill Responsabilitéit op d’Gemengen ofdrécken.

Back to Top
CIM LOGO