Spot vum Léon GlodenInneministère hat Video gedeelt, awer net bezuelt

RTL Lëtzebuerg
E Video, deen den Alldag vum Inneminister Léon Gloden dokumentéiert an deen an de sozialen Netzwierker gedeelt gouf, huet vill Froen opgeworf.

Et wier üblech, datt Politiker mat Videoen op sozialen Netzwierker an aller Transparenz hir Alldagsaarbecht illustréieren. Esou reagéiert de Premier Luc Frieden op e rezente Video vum Inneminister Léon Gloden, deen d’Opmierksamkeet vun anere Parteie kritt hat. Op de sozialen Netzwierker hat den CSV-Minister säin Alldag beschriwwen.

D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Guy Arendt souwéi de grénge Parlamentarier Meris Sehovic wollte via parlamentaresch Froen ënner anerem wëssen, ob et hei keng Interessekonflikter gëtt, ob mat deem Spot net Publicitéit fir e Minister soll gemaach ginn, a wien da fir de Finanzement vu dësem Video opkënnt.

De Premier Luc Frieden äntwert och, datt an dësem konkrete Fall kee Budget vum Inneministère fir de Video deblockéiert gi wier, obwuel de Video mam Profil vum Ministère an de sozialen Netzwierker gedeelt gouf a mam Logo vum Inneministère ufänkt.

PDF: Déi parlamentaresch Fro vun der Corinne Cahen an dem Guy Arendt an d'Äntwert mat allen Detailler

Back to Top
CIM LOGO