Kampf géint Drogeproblematik am Garer QuartierInneministère schafft den Ament u konkreete Mesuren, sou de Léon Gloden

RTL Lëtzebuerg
Wat konkret diskutéiert géif, wollt hien allerdéngs nach net soen. Et wier awer e Mix aus preventiven a repressive Moossnamen.
Archivbild
Archivbild

Dofir géif mat de Ministèrë vun der Santé, Famill a Justiz, genee wéi der Stad Lëtzebuerg zesummegeschafft ginn. Déi ugeduechte Mesurë sollen da mat de betraffene Leit op der Gare nach eng Kéier duerchdiskutéiert ginn. Duerno géife se dann an der Chamber presentéiert ginn, esou de Léon Gloden.

D’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding hat gefrot, wie beim sougenannten “Drogendësch 2.0" mat derbäi wier a wéi eng Mesuren do géifen diskutéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO