
Den Haaptpräis goung u Cocottes an der Kategorie Organisatioun a Management. De President vun der Chambre des Métiers Tom Oberweis sot a senger Ried, dass och dëst Joer nees vill gutt Betriber sech gemellt hunn. De Knowhow am Lëtzebuerger Handwierk wier grouss a vill Entreprisë géife mat modernen Technologie schaffen an och Projeten nohalteg gestalten.
Ënnert de Gäscht waren nieft dem Ierfgroussherzog Guillaume och de Wirtschaftsminister Lex Delles an de Finanzminister Gilles Roth.
Ausserdeem goufe follgend Betriber ausgezeechent:
- Reckinger an der Kategorie Marketing/Kommunikatioun
- Duke Hologerie an der Kategorie Produit an Design
- Luxforge an der Kategorie Déngschtleeschtung
- Saturne Technology an der Kategorie Produktioun
- Anigma krut de Coup de Cœur vun der Jury