Eng 60 Stänn wäerte vun e Freiden Owend un, bis e Sonden den Owend an der Luxexpo op d’Visiteure waarden. Op dëse bréngen d’Leit aus ënnerschiddleche Communautéiten de Mënschen zu Lëtzebuerg hir Kultur méi no.
Ee Stand wäert dëst Joer awer net mat dobäi sinn. Déi Responsabel fir den israeelesche Stand goufe kuerzfristeg souzesoen nees ausgelueden. An engem Bréif vum Organisatiounscomité, un ee vun de Responsabele vum Stand stoung Folgendes: “Mir sinn an der Obligatioun, déi ganz schwéier an traureg Decisioun ze huelen, fir iech ze froen, net un dëser Editioun vum internationale Bazar deelzehuelen. Fir äert Bescht, a fir ze evitéieren, dass all eis Benevollen, a Visiteuren enger Situatioun ausgesat sinn, déi zu Risiken a Stress fir eis all féiert.”
D’Presidentin vum Organisatiounscomité vum Bazar international, d’Carmen Decalf huet net ëffentlech gesot, dass et Sécherheetsbedenke vu Säite vum Organisatiounscomité ginn hätt. Hir Aussoe waren esou ze deiten, dass de Grond fir den Eclat, déi schlecht Kommunikatioun mat de Responsabele vum Stand gewiescht wier. Et hätt een nach kuerz virdrun net gewosst, ob de Stand iwwerhaapt sollt opgeriicht ginn.
“Mir konnte bis en Dënschdeg waarden, fir ze gesinn, ob de Stand kënnt oder net. Mer woussten et net, a mir wossten et och an der Nuecht nach net ob se kommen oder net”, sou d’Carmen Decalf.
De Responsabele vum israeelesche Stand erkläert awer: “De Grond wisou mer nach net geäntwert haten, war net fir der Madamm Decalf d’Liewe schwéier ze maachen. Dat war just, well mir d’Police gefrot haten, ob se kéinten, wéinst der delikater Situatioun, Präsens banne weisen.”
Eng Äntwert vun der Police hätt een awer ni kritt. Trotz Bedenke vun engem méiglecher Sécherheetsrisiko, wier een, als ee vun de Grënnungsmember vum internationale Bazar, awer gäre komm.
D’Presidentin vum Bazar huet nach eng Kéier betount, dass den Event net politesch oder reliéis wier. An 63 Joer wou et den Event gëtt, hätt et och nach ni iergendwellech Reiwereien um Fest ginn. E Fest wat exemplaresch soll fir d’multikulturellt a friddlech Zesummeliewen zu Lëtzebuerg soll stoen.