Mat der “Dreamjobs Ambassadors” Campagne well d’Horesca-Federatioun d’Beruffer aus der Restauratioun an der Hotellerie promouvéieren. Den Ament feelen nämlech tëscht 1.200 an 1.500 Leit, déi dréngend an den Hoteller, Restauranten a Caféen hei am Land gebraucht ginn.
De Steve Martellini, Generalsekretär vun der Horesca, betount, dass wéinst der Penurie verschidde Betriber ee bis zwee Deeg an der Woch mussen zoumaachen, eleng aus dem Grond, well se net genuch Personal hunn. Doduerch dass Personalmangel wier, wieren d’Salairë vum qualifizéierte Personal awer geklommen.
Nowuesstalenter ginn deemno haut wéi och déi nächst Joren am Grand-Duché gesicht. Fir Jonker ze motivéieren, eng Ausbildung an dem Beräich unzefänken an och duerno do ze schaffen, ass 2020 d’Campagne “Dreamjobs Ambassadors” vun der Horesca Federatioun lancéiert ginn. Iwwert déi lescht Jore krute sechs passionéiert Professioneller den Titel vum Ambassadeur, fir mathëllef vu Videoen anerer vun hirem Dramberuff ze zielen. Dëst Joer ass am Kader vun der Campagne eng Soirée organiséiert ginn, bei där bekannte Käch, eng Patissière a Schüler aus dem LTB an der Hotelschoul e ganzen Owend zesumme gekacht an zerwéiert hunn.
“Dës Veranstaltung ass méi wéi just en “Iessen”, et ass eng Aart vu Porte Ouverte fir d’Beruffer aus dem HoReCa Secteur. Et bitt deenen déi an dësem dynameschem Secteur wëllen ufänke mat schaffen en Abléck, den se soll inspiréieren a motivéieren. D’Beruffer aus der Hotellerie a Gastronomie si fir eis Ekonomie onverzichtbar, ginn awer dacks ënnerschat. Si schafen Aarbechtsplazen, ënnerstëtzen déi lokal Ekonomie a beräicheren eis Iesskultur. An deem mer dës Beruffer opwäerten, wëlle mer jonk Talenter inspiréieren an dësem Secteur Fouss ze faassen, deen engem vill Entwécklungs- a Karriärméiglechkeete bitt. Eist Zil ass et nei Talenter un ze zéien an d’Attraktivitéit vum Secteur ze steigeren”, erkläert de Steve Martellini, Generalsekretär vun der Horesca Federatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et aktuell 211 Hoteller, ongeféier 1.650 Restauranten a 478 Caféen/Bistroen. Bal 23.000 Employéë sinn an dëse Betriber beschäftegt.