
Op den 31. August 2024 ware 17.735 Aarbechtsloser bei der Adem ageschriwwen. Dat sinn eng 1.679 méi wéi nach 2023.
Virun allem géing d’Zuel u Leit klammen, déi iwwer véier Méint laang net schaffen. Déi gréisst Hausse géing et do bei de qualifizéierte Leit ginn, souwéi an der Altersklass tëscht 30 a 44 Joer.

Wat d’Beruffer ugeet, géingen am meeschte Leit sech aus der Baubranche, der Installatioun a Maintenance, souwéi dem Transportsecteur, der Industrie an dem Bankewiesen umellen.
Allgemeng wier d’Zuel un neien Inscriptiounen awer liicht zeréckgaangen, wéi d’Adem an hirem rezentste Rapport mellt. Am August dëst Joer hätte sech 2.454 Residentë bei der Adem ageschriwwen, wat e Réckgang ëm 56 Persounen am Verglach mam August 2023 entsprécht. Iwwerdeem hätte sech 50 Flüchtlingen aus der Ukrain nei ugemellt.
D’Zuel un oppenen Aarbechtsplazen geet ëm 20,3 Prozent zeréck an ass domat liicht réckleefeg.
