National Meeschterschaft am SpeedcubingIwwer 100 Leit aus 18 verschiddene Länner maache mat

Christophe Hochard
Speedcubing steet dëse Weekend am Lycée Michel Rodange um Programm. Do ginn déi national Meeschterschaften ausgedroen.
National Meeschterschaft am Speedcubing
Iwwer 100 Leit aus 18 verschiddene Länner maache mat

Bei dësem Spill ass d’An/Hand-Koordinatioun wichteg an d’Feinmotorik vun de Fangeren ass gefrot. Alles muss nämlech blëtzschnell goen. Den Zauberwierfel aus den 80er-Joren ass nach ëmmer gefrot an in. Bei de Meeschterschaften am Lycée Michel Rodange läit d’Alterstranche tëscht 7 an 63 Joer.

D’Weltmeeschterschaft am Speedcubing gëtt d’nächst Joer am Juli zu Seattle an den USA organiséiert. Bis zu 5 Lëtzebuerger kéinten hei mat untrieden.

Back to Top
CIM LOGO