
D’Joer iwwer ginn an der Moyenne eng ronn 100 europäesch Staatsbierger dem Land expulséiert. Tëscht 2021 an zejoert waren dat 323 Leit, déi en entspriechende Courrier kruten. D’Grënn fir sou en “Eloignement” variéieren a gi vun enger Menace fir d’ëffentlech Sécherheet bis hin zu enger deraisonnabeler Charge fir de Staat.
Wien esou eng Decisioun kritt, muss bannent 30 Deeg de Grand-Duché verloossen, preziséiert et den Inneminister Léon Gloden an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den Deputéierte Corinne Cahen a Mandy Minella. Op eng forcéiert Expulsioun gëtt bei EU-Staatsbierger an der Reegel net zeréckgegraff. Déi meescht Leit goufen a Portugal zréckgeschéckt (89), viru Frankräich (70), Rumänien (57) an Däitschland (25).
Wat Net-EU-Staatsbierger ugeet, goufen déi läscht véier Joer eng 3.800 Fraen a Männer expulséiert, dorënner falen och DPI’en, déi hir Demande refuséiert kruten. D’Froen zu den Expulsiounen haten d’DP-Deputéiert Cahen a Minella un den CSV-Minister adresséiert.