Traditionell Sprangprëssessioun zu IechternachIwwer 6.900 Leit hu matgemaach, 2019 waren et der nach iwwer 8.900

RTL Lëtzebuerg
D'Iechternacher Sprangprëssessioun ass all Joer de Rendez-vous, dee fir vill Gleeweger fest am Agenda steet, egal wéi d'Wieder och ass.
Traditionell Sprangprëssessioun zu Iechternach
D’Iechternacher Sprangprëssessioun ass all Joer de Rendezvous, dee fir vill Gleeweger fest am Agenda steet, egal wéi d’Wieder och ass.

Et muss een op den 11. Juni 2019 zréckgoen, wéi fir d’lescht an der Abteistiedche konnt gespronge ginn. Et ass eng Mëschung aus Traditioun a Glawen, deen d’Sprénger am wäissen Hiem a mam wäissen Nuesschnappech am Grapp bei d’Graf vum hellege Willibrord zitt.

Iechternacher Sprangprëssessioun/Reportage Patrick Greis

Dëst Joer hat een gefaart, dass d’Zuel vun de Pilger erofgéing. Dat hat net eleng mam Wieder ze dinn, mee domat, datt de Päischtdënschdeg net an d’Vakanz fält an d’Schoulen net automatesch fräi hunn. De Francis Erasmy, Paschtouer vun Iechternach, ass awer frou iwwer jiddereen, dee sech Zäit hëlt.

Schonn den Dënschdeg de Moie fréi um 5 Auer ware Jonker vu Saarburg op engem Stäremarsch an d’Basilika gepilgert. Och 350 Schoulkanner aus der Ëmgéigend wollte sech déi Traditioun net entgoe loossen, dorënner e gréissere Grupp vu Munneref.

Et war och déi éischte Kéier, dass den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich als Kardinol derbäi war:

“Mir ginn net den Zuelen no. Mir kucken op d’Qualitéit vum Glawensakt, deen do ass. An ech mengen, deen ass ganz grouss. An och d’Freed ass ganz grouss bei de Leit. Et ginn nach ëmmer vill Leit, déi gleewen. Dat hu mir an der Oktav gesinn. Do ginn et och bestëmmte Saachen, do sinn d’Zuelen erofgaangen. Mä anerer, nei Initiativen, sinn eropgaangen. Dat weist, dass och e Wandel do ass an der Form an am Ausdrock.”

Hei den Detail vun de Participanten aus dem offizielle Schreiwes

Gesamtzahl / Total: 6.986 (2019: 8.913 Teilnehmer / Participants)- Beter und Sänger / Pèlerins et chanteurs (Groupes A-I): 266 (592)

- Musikanten / Musiciens: 1.073 (1.174)

- Springer / Danseurs: 5.605 (8.411)

- Prälaten und Begleiter / Dignitaires ecclésiastiques: 42 (66)

Back to Top
CIM LOGO