AlkoholkontrollenIwwer 600 Automobiliste goufe kontrolléiert - 9 Fürerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet goufe vun e Freideg op e Samschdeg zu Ëlwen, Wëntger, Wäiswampech, Keel, Kielen, an der Stad an um Houwald Alkoholkontrolle gemaach.
© RTL-Archiv

Alles an allem hunn 598 Automobiliste mussen en Alkoholtest maachen. An 19 Fäll war deen Test positiv, woufir 15 Protokoller geschriwwe goufen an a 4 Fäll blouf et beim Avertissement taxé. 7 Fürerschäiner goufen nach op der Plaz agezunn.

Zu Diddeleng war dann nach e Chauffer opgefall, deen net just e positiven Alkoholtest opweises hat, ma och e positiven Drogentest. Och hei gouf de Fürerschäin agezunn. Uschléissend koum d’Persoun dunn nach fir eng medezinesch Kontroll an d’Spidol.

Zu Schëffleng an der Rue de Kayl ass en Automobilist am Zickzack gefuer. De Fürerschäin gouf agezunn, nodeems den Alkoholtest vill ze héich ausgefall war.

Kuerz virun Hallefnuecht war dann nach en Automobilist op der A1 a Richtung Däitschland ënnerwee. Zeien hu gemellt, dass de Won scho Kontakt mat de Leitplanken hat an awer einfach mat Vollgas weidergefuer war. En ass duerno op d’Tankstatioun zu Waasserbëlleg gefuer, wou e vun der Police kontrolléiert ginn ass. Den gemoossenen Alkoholtaux war bal duebel sou héich wéi erlaabt. Dobäi koum nach, dass de Mann kee Fürerschäin hat. D

Back to Top
CIM LOGO