Suizid-PreventiounIwwer 600 Leit bei der Marche "Darkness into Light"

Monique Kater
Och an däischteren Zäite gëtt et Hoffnung - dat ass de Message vun iwwer 600 Leit, déi e Samschdeg un der Marche "Darkness into Light" deelgeholl hunn.
Marche "Darkness into Light"
Och an däischteren Zäite gëtt et Hoffnung - dat ass de Message vun iwwer 600 Leit, déi e Samschdeg un der Marche “Darkness into Light” deelgeholl hunn.

Wa Leit sech a Clausen treffen, fir zesummen e 5 Kilometer laangen Trëppeltour duerch d’Alstad ze maachen, ass dat jo u sech näischt Spezielles, wann dat awer um 5 Auer Moies ass a wann et e puer honnert Persoune sinn, heescht dësen Happening “Darkness into Light”. Zënter 2019 gëtt et dës Initiativ, déi net eleng de “Suicide u sech” wëllt thematiséieren, mee och drop hiweist, dass ee bäi wäitem net deen eenzegen ass, deen ënnert dem Drock an den Erwaardunge vun der Gesellschaft ka leiden. 646 Aschreiwungen hat een dëst Joer. D’Bewosstsinn ass also do, fir d’Wëssen ëm d’Fragilitéit vun deem engen an d’net-Ëmdenke vun deem aneren. D’Marche e Samschdeg de Moie war eng Initiativ, déi engem d’Angscht kann huele virum eleng si mat senge Problemer.

Iwwer 14.500 Euro si bei dëser Editioun vun der Marche “Darkness into Light” gesammelt ginn. Och wann d’Marche hei am Land iresch Originnen huet, ass den Erléis fir SOS Détresse, d’Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale a fir de Kanner a Jugendtelefon.

Driwwer schwätzen, erzielen dass a firwat et engem net gutt geet, dass een d’Gefill huet, aus engem Déif net richteg erauszekommen - Haut schéngt d’Thema “déck d’Flemm hunn” ënnert deene Jonken net méi komplett tabu ze sinn. D’Bewosstsinn, dass een och selwer kann an esou en Down rutschen, ass op alle Fall do. A si waren zu ganz vill um 3.30 Auer opgestanen. De Gros vun hinne koum duerch d’Elteren a Kontakt mam Thema Suicide respektiv Suicide-Preventioun.

Zënter 8 Joer géingen d’Suiciden hei am Land konstant erofgoen an awer hu sech zejoert zu Lëtzebuerg ëmmer nach 60 Persounen d’Liewe geholl. 60 ze vill.

Back to Top
CIM LOGO