
De Méindegowend gouf der Police en Déifstall mat Gewalt an der Rue du Fort Neipperg am Garer Quartier gemellt.
Éischten Erkenntnisser no gouf d'Affer vun engem onbekannte Mann ugeschwat an duerno festgehalen. Am weidere Verlaf huet de Verdächtegen dem Affer e Bee gestallt, soudatt dëse aus dem Trëtt geroden ass. Dobäi huet den Täter him säi Portmonni aus der hënneschter Boxentäsch geklaut. Am Portmonni ware perséinlech Dokumenter, e puer Bankkaarten a Boergeld. De Verdächtegen ass dono a Richtung Avenue de la Liberté geflücht.
De selwechten Owend konnt d'Police an zwee verschiddene Fäll eng Rei Verdächteger am Zesummenhang mat Butteksdéifställ stellen.
Géint 19 Auer goufen an engem Geschäft an der Rue Alphonse Weicker um Kierchbierg zwee Männer vum Sécherheetspersonal ugehalen, nodeems si verschidde Wuere geklaut haten. Wat genee, präziséiert d'Police net.
Méi spéit géint 22 Auer gouf eng Policepatrull op der Route de Luxembourg zu Bäreldeng op en aneren Déifstall opmierksam gemaach. E Mann soll virdrun e puer Griller aus enger Tankstell an aus engem Geschäft geklaut hunn.
E Verdächtege konnt identifizéiert a kuerz drop an der Géigend ugetraff ginn. Bei enger uschléissender Sich goufen e puer vun de geklaute Géigestänn erëmfonnt a séchergestallt.