
En onbekannte Mann huet enger Fra den Handy geklaut an och aner Leit menacéiert. D’Affer huet der Policepatrull, déi op d’Plaz koum, erzielt, dass den Täter hir géintiwwer handgräiflech gi war an hir esou en Telefon geklaut hätt. D’Fra war dobäi liicht verwonnt ginn. Eng direkt ageleete Sichaktioun war ouni Succès an d’Ermëttlunge goufe lancéiert.
Da mellt d’Police awer och nach, dass an de leschte Stonnen nees verstäerkt a Gefierer agebrach gouf. Esou zum Beispill um Boulevard Prince Henri an der Stad, wou en Onbekannten e puer elektronesch Apparater aus engem Auto matgoe gelooss huet.
Weider Abréch a Gefierer gouf et en Dënschdeg den Owend an engem Parkhaus an der Uewerstad. E puer Täter waren do um Wierk, hunn Autoen opgebrach a se duerchsicht. Ënner anerem goufe Rucksäck a Posche geklaut. D’Spueresécherung war op der Plaz.
Méi spéit gouf zu Rëmerschen op engem Parking nach en Auto opgebrach. Do goufen ënner anerem Boergeld a Bijoue geklaut.
A sämtleche Fäll huet d’Police Ermëttlunge lancéiert an erënnert och nach emol un hir Rotschléi, wéi ee sech géint esou Virfäll schütze kann.