
Éischten Informatiounen no hunn 3 Leit engem Mann säin Handy a Suen ofgeholl. D’Enquête leeft.
Um Sonndeg den Owend war et dann een Accident an der Haaptstrooss zu Hueschtert, wou ee Chauffer e Bam ze pake krut. Hie gouf net blesséiert, ma den Alkoholtest war positiv an de Permis fort.
An der Nuecht op e Méindeg da gouf ee Gefier op der A13 op der Héicht vun der Sortie Déifferdeng gemellt, dat mat senger Manéier ze fueren opgefall ass. De Chauffer hat ze vill gedronk, de Permis war fort.