Neijoerschpatt Fedil Iwwerreguléierung ofbaue fir méi Kompetitivitéit

RTL Lëtzebuerg
D’Industriellefederatioun ass besuergt iwwer déi onsécher geopolitesch Situatioun.
Neijoerschpatt Fedil
Iwwerreguléierung ofbaue fir méi Kompetitivitéit

Geopolitesch Verschibungen hätten och substantiell Auswierkungen op d’Wirtschaft an d’Betriber.

Patronen, Decideuren an héichrangeg Politiker hunn um Donneschdeg am fréien Owend an de Foireshalen op dat neit Joer ugestouss. Ugespaant kuckt een op d’USA, ob den Donald Trump no senger Vereedegung e Méindeg, seng Menacë vun erhéichte Taxen a weidere protektionistesch Mesuren a Realitéit ëmsetzt.

Als Beispill nennt de Fedil-President Georges Rassel d’Autosindustrie, wou mer och hei am Land Zouliwwerer hunn, déi an deem Fall blockéiert géifen. Grad wéi d’Stolindustrie. An den Héichhaiser an den USA wär och Stol vun Déifferdeng verschafft

Fedil - “Kommt mir maachen zesummen de Kuch méi grouss” / Rep. François Aulner

Ass d’EU komplett onschëlleg, datt et am Handel de biergof geet?

Freet de Georges Rassel a verweist op Iwwerreguléierung an nei Standarden, déi imposéiert gi wieren, respektiv geplangt sinn. Stéchwuert Liwwerketten an Nohaltegkeetskrittären. D’Fedil wëll sech méi staark opstellen, fir den Handel ze verdeedegen. E klore Message un d’Politik. Virop un d’Roberta Metsola, d’Presidentin vum Europaparlament, déi als Gaaschtriedner invitéiert war.

Woubäi ee ganz ganz kloer dofir wär, datt mer eis an déi gréng Richtung entwéckele géifen, betount de Georges Rassel Mee et misst alles mat der Zäit goen a realistesch ëmsetzbar sinn.

“Wéi mam Fön géint een Tornado kämpfen”

Europa ass um Punkt fir strategesch Fabrikatiouns-Capacitéiten ze verléieren. Esou d’Aschätzung vun der Industriellefederatioun. Exzessiv Regulatioun géif och der Innovatioun am Wee stoen. Begréisst gëtt der CSV-DP-Regierung hir Annonce fir d’administrativ Vereinfachung. Am Kontext vu rezenten EU-Regulatioune wär dat allerdéngs, wéi wann ee probéiere géif, en Tornado mat engem Fön ze bekämpfen. D’EU misst nees méi kompetitiv ginn.

Géint abusiven Absenteismus virgoen

D’Industriellefederatioun ass frou, datt d’Regierung d’Aarbechtsrecht moderniséiere wëll. Bedauert awer de Gewerkschaften hir “negativ Attitüd” an deem Kontext. D’Fedil erwaart sech dernieft, datt d’Regierung eppes géint den abusiven Absenteismus ënnerhëlt. Dee wier an de leschte Jore staark an d’Luucht gaangen. Méindes a freides géife beispillsweis vill méi Leit feele wéi an der Woch. Mataarbechter, déi “Fairplay” wieren, géifen doduerch méi belaascht a frustréiert.

De Management misst natierlech mat senge Leit Solutioune sichen. Mee d’Industriellefederatioun “wëll kucken, ob d’Regierung net verschidden offiziell Mesurë géif ergräifen oder wéinstens ënnerstëtzen.” Eng konkret Virstellung hätt een net, seet de Georges Rassel. Hien ernimmt de Karenzdag bewosst net. Ënnersträicht awer, datt manner Absenteismus och zur Kompetitivitéit vun de Betriber géif bäidroen.

Back to Top
CIM LOGO