
Do derbäi komme Commanden am Carnet vu Jan de Nul an Héicht vun 8,9 Milliarden Euro.
Déi belsch-lëtzebuergesch Entreprise ass ënnert anerem am Bau vun Off-Shore-Wandparken, dem Verdéiwe vu Schëffs-Weeër an dem Bau vun Hafen-Installatiounen aktiv.
Ee vun de Projete vum multinationale Grupp ass d’Schafe vun der éischter kënschtlecher Insel, op där Energie produzéiert gëtt. D’Insel “Prinzessin Elisabeth” ass an der Nordséi situéiert a mécht de Lien tëscht Groussbritannien an Dänemark.
Am Ecuador krut Jan de Nul de Projet, fir den 100 Kilometer laange Schëffswee bis bei den Hafe vu Guyaquil, méi déif ze maachen. Zu Antwerpen baut de Grupp en neie Prisong a ronderëm Bréissel gëtt um Réng geschafft.
Jan de Nul ass eng Familljenentreprise an der sechster Generatioun, déi hire Siège zanter 24 Joer hei am Land huet a ronn 7.500 Leit beschäftegt.