StatecJärlechen Inflatiounstaux geet weider erof - Indextranche kéint dëst Joer erfale

Jean-Marc Sturm
Am August sinn d'Präisser zu Lëtzebuerg ëm 1,2% ugezunn, dat deelt de Statec mat. 

De STATEC bleift bei sengem Pronostic. Eng weider Indextranche ass an den nächsten dräi Méint fälleg.
An dat trotz engem Inflatiounstaux, dee liicht an der Baisse ass.

Statec iwwer d’Inflatioun / Reportage Jean-Marc Sturm

Bedéngt duerch d’Enn vun de Summersolden ass d’Deierecht am Mount August ëm 1,2% geklommen. Rechent een déi Solden aus dem Mount Juli an d’Variatioun bei de Pëtrolsproduiten eraus, dann ass ee fir de Recht vun de Gidder a Servicer bei enger Inflatioun vun 0,4%

Am Joresverglach waren d’Präisser fir Kleeder a Schong an der Hausse. Dat Selwecht gëllt fir d’Miwwelen, d’Bijouen an d’Apparater fir de de Stot. Pünktlech fir d’Summervakanz war d’Reese méi deier gi mat engem Plus vu bal 8%. Bei de Flich war et eng Hausse vun iwwer 13%.

Crèchen a Maisons Relais waren am August gutt 9% méi deier wéi de Mount virdrun. An de Geschäfter waren am August ënnert anerem de Fësch an de Café méi deier ginn.

Eng zolidd Baisse gouf et bei de Pëtrolsproduite mat engem Minus vun iwwer 4% beim Diesel an eppes iwwer 3% beim Bensinn. Beim Masutt war et esou guer eng Baisse vun 7% an an engem Mount. Op ee Joer gekuckt waren d’Energiepräisser global iwwer 8% méi bëlleg.

Mat der aktueller Evolutioun wäert déi nächst Indextranche wuel tëscht Oktober an Dezember fälleg sinn.

LINK: Fannt hei d'Schreiwes vm Statec

Back to Top
CIM LOGO