Konsequenz vun den EuropawalenJean-Paul Schaaf réckelt an d'Chamber no

Marc Hoscheid
Well de Christophe Hansen an d'Europaparlament gewielt gouf, iwwerhëlt den 1. Ettelbrécker Schäffe säi Posten am nationale Parlament.
© RTL-Archiv

Nach um Walowend e Sonndeg war kloer, datt bei der ADR den Dan Hardy fir den neien EU-Parlamentarier Fernand Kartheiser an d’Chamber noréckele géing. Ma och bei der CSV gëtt een neit Gesiicht um Krautmaart gebraucht, nodeems de Christophe Hansen an d’Europaparlament gewielt gouf. Op RTL Nofro hin huet de laangjäregen Ettelbrécker Buergermeeschter an aktuellen 1. Schäffe Jean-Paul Schaaf confirméiert, datt hien dem Christophe Hansen säi Posten iwwerhuele wäert. De Jean-Paul Schaaf gouf bei de Chamberwale 6. op der CSV-Nordlëscht.

Hie souz schonn tëscht 2004 an 2013 an vun 2020 bis 2023 um Krautmaart. All Kéiers ass hien dobäi nogeréckelt, sief et, well d’CSV an der Majoritéit war an dowéinst eng Partie vun de Gewielten Member vun der Regierung goufen, well sech 2020 de Marco Schank aus der Politik zeréckgezunn hat oder eben elo, well de Christophe Hansen op Stroossbuerg wiesselt.

Op Nofro bei der Chamber war et d’Informatioun, datt, Stand elo, déi leschten ëffentlech Sëtzung den 11. Juli ass. Dat dierft da wuel och deen Dag sinn, op deem den 52 Joer alen Dan Hardy an den 58 Joer ale Jean-Paul Schaaf als nei Deputéiert vereedegt ginn. Do virdru mussen de Christophe Hansen an de Fernand Kartheiser hir Demissioun als Deputéierten eragereecht hunn. D’Europaparlament kënnt iwwregens vum 16. bis den 19. Juli fir déi éischte Kéier zanter den Europawale beieneen.

Back to Top
CIM LOGO