Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten an der Nuecht op e Sonndeg géint 2.20 Auer, wéi tëscht Koler an Héiweng en Auto vun der Strooss ofkoum an an de Gruef geroden ass. Déi lokal Secouriste waren op der Plaz.