
Zu enger éischter Kollisioun tëscht zwee Autoe war et géint 13.12 Auer op der A13 op der Héicht Éilereng komm. Beim Accident waren zwee Leit blesséiert ginn, déi vun de Rettungsdéngschter vum SaDiff versuergt goufen.
De Samu aus dem Norde war géint 16 Auer op Eschduerf geruff ginn, nodeems hei e Moto an en Auto net laanschtenee komm waren an zwou Persoune blesséiert goufen. Wéi eis e Pompjee vum CIS Alebësch-Esch-Sauer confirméiert, goufen de Motocyclist an de Chauffer vum Auto verletzt a koumen an d’Spidol. Donieft waren d’Ambulanciere vu Wolz an aus der Nordstad zesumme mat de Pompjeeën Alebësch an Esch-Sauer op Eschduerf um Asaz.