Ombudsman iwwer Mineuren am Prisong"Jidderengem säi Kand kann a sou eng Situatioun kommen"

RTL Lëtzebuerg
En 13 Joer alt Meedchen am Prisong zu Schraasseg. Dat geet guer net, fënnt d'Ombudsman. Eng aner Méiglechkeet wier et awer net ginn.
"Jidderengem säi Kand kann a sou eng Situatioun kommen"
En 13 Järegt am Prisong zu Schraasseg. Dat geet guer net, fënnt d’Ombudsman. Eng aner Méiglechkeet wier et awer net ginn.

Zu Dikrech huet de Sonndeg e Meedche vu just 13 Joer een anert Mannerjäregt mat enger futtisser Fläsch um Aarm blesséiert. Dat Ganzt gouf och nach op Video festgehalen an op de soziale Reseaue gedeelt. D’Meedche gouf du vun der Police festgeholl a koum virun de Jugendriichter. Dëse wollt d’Meedchen eigentlech op Dräibuer an déi zoue Struktur placéieren, mee dat war net méiglech.

11 vun 12 Kummere ware beluecht an déi Lescht konnt wéinst Renovatiounen net benotzt ginn”, sou de Gilles Dahmen, éischte Conseiller beim Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugendlecher. Wéi d’Ombudsman Claudia Monti eis am Interview confirméiert, konnt eng Kummer aus Sécherheetsgrënn net genotzt ginn, well eppes futti war.

Vill aner Alternative wieren et net ginn, also hätt een d’Meedchen zu Schraasseg am Prisong fir Erwuessener ënnerbruecht, wéi och de Parquet de Sonndeg scho matgedeelt hat.

D’Meedchen ass an eng regulär Zell an der Frae-Sektioun komm. Et gouf awer sécher gestallt, dass et kee Kontakt tëscht Erwuessenen a Mannerjärege gëtt. No enger Nuecht dunn konnt d’Meedchen awer an d’Unisec verluecht ginn, well hei eng Plaz fräi gouf. “Et war scho laang geplangt, dass deen Dag eng Plaz an der Unisec fräigëtt. Et gouf keen aus der Unisec entlooss, fir dat Meedchen do ënnerzebréngen, och wann dat dobaussen esou spekuléiert gëtt”, preziséiert d’Claudia Monti.

E Mannerjäregen am Prisong ënnerzebréngen, ass gesetzlech ëmmer nach erlaabt. Dat soll mam neie Jugendstrofgesetz a Jugendschutzgesetz awer änneren. Da wier d’Unisec awer och net méi sou iwwerfëllt, mengt de Gilles Dahmen: “Wann dëst bis propper getrennt ass, da gëtt vill méi kloer definéiert, wien an d’Unisec kënnt a wien net. Da wäerten d’Zelle sech net esou séier fëllen.”

D’Unisec soll iwwerdeems och ausgebaut ginn. Den zouene Beräich méi grouss maachen eleng, wier awer keng Léisung. “Aus Erfarung wësse mir, dass méi Leit agespaart ginn, wat méi Plazen do sinn. Dat gesäit een och an de Prisongen. Dat ass awer net Zil vun der Saach.”

Och d’Ombudsman fënnt, et misst ee méi mat de Mannerjärege schaffen a se sou encadréieren, dass se rëm an d’Gesellschaft kënne reintegréiert ginn. “Ech si schockéiert vun den Aussoe vu Baussen, dass dat gutt ewechgespaart ass an zeréck a säi Land soll goen. Et ass schliisslech e Kand an d’Leit kennen d’Hannergrënn net. Jidderengem säi Kand kann an esou eng Situatioun kommen”, fënnt d’Claudia Monti.

Beonrouegende Phänomen

Wat d’Gewalt bei Jugendlechen ugeet, sou fënnt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugendlecher et en traurege Phänomen, wat den Ament sou leeft. Zemools d’Verbreedung vun esou Strofdoten an de soziale Reseaue wieren immens schwéier ze kontrolléieren. Fir Pedagoge wier et quasi onméiglech, online dotëscht ze goen, sou de Gilles Dahmen.

D’Claudia Monti iwwerdeems mengt, et misst ee méi op d’Grënn u sech agoen. Sou wier et net ëmmer déi beschte Léisung, Jonker direkt ze placéieren an aus hire Familljen erauszehuelen. An och wa si bis placéiert wieren, sollt méi mat de Familljen zesummegeschafft ginn. Problemer kommen nämlech dacks vun do oder aus dem Frëndeskrees. Et misst een de Problem erausfannen a präventiv un deem schaffen an “net réischt aschreiden, wann et geschitt ass.”

Lëtzebuerg géif wéinst esou Aktioune wéi dëser och am Ausland gäre mol mat Féiss getrëppelt ginn, well et net konform zu de Mënscherechter ass, Kanner a Jugendlecher an de Prisong ze setzen.

Wéini konkret Ännerunge kommen, wéi d’Akraafttriede vum neie Gesetz oder den Ausbau vun der Unisec konnten eis béid Parteien net beäntweren.

Back to Top
CIM LOGO