No enger Nuecht am PrisongMannerjäregt Meedche gouf op Dräibuer iwwerstallt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg hat en 13 Joer jonkt Meedchen e Mannerjäregt mat enger futtisser Fläsch ugegraff. Doropshin hat et d'Nuecht am Prisong verbruecht.

E Sonndeg gouf en 13 Joer alt Meedchen an de Prisong zu Schraasseg gesat, well an der UNISEC zu Dräibuer nämlech keng Platz méi war. E Méindeg u konnt d’Meedchen awer op Dräibuer transferéiert ginn

Dat schreiwen den Ombudsman an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher an engem Communiqué e Méindeg den Owend.

An deem gëtt et och Kritik. Mineure géifen net an de Prisong zu Schraasseg gehéieren. Trotz allen Efforte vum Personal, wier dat keen adequate Kader, fir e Jugendleche festzehalen.

An deem Kontext gëtt vun der Politik e Verbuet, fir Mineuren an de Prisong ze setzen, gefuerdert. An datt esou séier ewéi méiglech adaptéiert Infrastrukture fir Mineure geschaaft ginn.

RTL-News: Jonkt vun 13 Joer koum op Schraasseg - Mannerjäregt Meedchen zu Dikrech mat futtisser Fläsch ugegraff a verwonnt

Back to Top
CIM LOGO